HOME Contact Guestbook About Esch E-Ticket Théâtre Online Bibliothèque Online Conservatoire Online Cinémas Online Belval Investment Rockhal Online

CABARET GEOGHELLI

GEOGHELLI presents "Ein Sommernachtstraum"
Chapiteau du Théâtre de la Ville
16/17 -01-2009
Ein Sommernachtstraum
"für Dummies" an op lëtzebuergesch
D' Geschicht spillt zu Athen. Den Herzog huet grad eng Amazonekinnigin besiegt a wëll se zu senger Fra maachen. Während den Hochzäitsvirbereeedung gëtt hien mat de Beziehungsproblemer vun sengen Untergebenen konfrontéiert.
D' Hermia ass an de Lysander verléiwt, deen hat och gär huet.
D' Helena ass an den Demetrius verléiwt, mais deen wëll näischt vun him wëssen, wëll hien och an D'Hermina verléiwt ass. Dem säi Papp wëll par force den Demetrius als Eedem. Dorop hin hunn Hermia a Lysander wëlles fortzelafen.
D'Helena verréeit dem Demetrius dat, wëll hat hofft, den Demetrius fir sech erëmzekréien. Dat geet schief an den Demetrius vernennt hat Schëmmel a Bless.
Dat kritt den Oberon mat. Den Oberon ass den Elfenkinneg am Besch, wouhin di zwou Këppelcher sech verkroch hunn. Hien huet grad Zoff mat senger Frau,der elfkinnnigin Titania, an hien decidéiert, di zwee, ( Titania an Demetrius ), di sech a sengen Aen net richteg beholl hunn, ze bestrofen.
Da mecht hien mat enger spezieller Zort Drëpsen, di maachen, dat een sech an deen éichtbeschten verléiwt, deen e gesäit, egal wien dat ass.
Säin Akolith Puck soll dobäi hëllefen. Mais deen mecht e Feeler a gëtt dem Lysander statt dem Demetrius di Drëpsen. Den Oberon ass rosen a probéiert de Feeler doduerch gutt ze maachen, dat hien och nach dem Demetrius där Drëpse gëtt.
Resultat vun deem Gedeessems: elo sinn Demetrius an Lysander op emol an d'Helena an net mi an d'Hermia verléiwt. Di zwou Fraen blecken net mi duerch an et kënnt zum grousse Sträit.
Schlussendlech awer léist sech dach alles zum gudden. Den Oberon verdréit sech erëm mam Titania a Lysander /Hermia an Demetrius/Helena fannen zueneen.Et kënnegt sech eng dräifach Hochzäit un.
Bei där Geleegenheet soll eng Grupp vun Handwierker en Theatersteck opféieren. Vun Ufank vum Steck un ass den Zuschauer bei hire Prouwen derbäi a ka gesinn, dat si sech eppes zoumudde, wat se net kënnen. Do gëtt et, genau wi bei den Optrëtter vun den Elfen, vill ze kucken an och ze laachrn. rH
prochainement
prochainement
Counter